Diploméierten Erzéier (w/m/x) - Nidderkuerer Haus
À propos de cette offre
Een diploméierten Erzéier (w/m/x) - Nidderkuerer HausD'APEMH - Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht ab den 01.05.2026, een diploméierten Erzéier (w/m/x) fir 20 Stonnen/Woch - op onbestëmmten Zäit fir hiert “Nidderkuerer Haus”.Job descriptionMir bidden Iech d' Geleeënheet Deel vun enger engagéierter, multidisziplinärer Ekipp ze ginn mam Optrag, Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung am Kader vun de Wäerter, fir déi d' APEMH sech asetzt, ze begleeden.
Mir sichen e Mataarbechter oder eng Mataarbechterin, den Erfahrung an Kompetenz huet am pädagogesche Beräich esou wéi an der Ënnerstëtzung a Berodung vun de Bewunner an hirem individuellen Liewensprojet. Zum Optrag gehéiert esouwuel Ënnerstëtzung am Alldag, bei der Fräizäitgestaltung, beim Akafen esou wéi bei administrativen Démarchen.Genau an dësem Kader sichen mir eng engagéiert Mataarbechterin / en engagéierte Mataarbechter déi/deen…• autonom ka schaffen an dobäi verantwortungsbewosst handelt,• gären am Team schafft an eng positiv Atmosphär matgestalt,• kreativ ass a Freed drun huet, nei Iddeeën fir d'Begleedung an den Alldag anzebréngen,• oppe fir nei Erausfuerderungen ass a flexibel op verschidde Situatioune reagéiere kann,• iwwer Respekt, Gedold an Empathie verfügt fir mat Leit mat intellektueller Beeinträchtegung zesummen ze schaffen.• Wann Dir Iech vun dëser Beschreiwung ugesprach fillt, da freeë mir eis, vun Iech ze héieren!Zéckt nët eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif...).Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.Mir bidden• attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen• en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.
Explorer les offres liées
Offres similaires
Pedagogesche Beroder (w/m/x) - Centre de Ressources Incluso
Diploméierten Erzéier (w/m/x) - Uewerkuerer Haus
Diploméierten Erzéier (w/m/x) - Wunnstruktur Senior 1 um Centre Nossbierg
Psycholog / Master an der Psychologie oder Psychothérapie (w/m/x)
Pädagogen mit Masterabschluss in Pädagogik, Heilpädagogik (m/w/d)
Diploméiert Erzéier/Aide-Soignant (w/m/x) Service d'Activités de Jour (SAJ) Mondorf
Questions fréquentes
Comment postuler ?
Ouvrez la page source d’origine et contactez l’employeur. Finder ne facture jamais les candidats.
Ces offres sont-elles à jour ?
Oui. Finder actualise régulièrement les offres des sources publiques et retire les annonces clôturées.
Où voir le type de contrat et le mode de travail ?
Les conditions clés sont affichées au-dessus de la description. Vous pouvez aussi ouvrir les listes liées pour APEMH Hébergement et Services A.S.B.L. et Luxembourg.