Diploméierten Erzéier (w/m/x) - Wunnstruktur Senior 1 um Centre Nossbierg
À propos de cette offre
Een diploméierten Erzéier (w/m/x) - Wunnstruktur Senior 1 um Centre NossbiergD'APEMH - Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht een diploméierten Erzéier (w/m/x) fir 40 Stonnen/Woch, sicht fir hir Wunnstruktur Senior 1 um Centre Nossbierg - op onbestëmmten Zäit, fir direkt oder no OfsproochWann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif, Autorisation d'exercer ...).
Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot. Job description:Mir bidden Iech d' Geleeënheet Deel vun enger engagéierter, multidisziplinärer Ekipp ze ginn mam Optrag, Senioren mat enger intellektueller Beanträchtegung am Kader vun de Wäerter, fir déi d' APEMH sech asetzt, ze begleeden.Mir sichen e Mataarbechter oder eng Mataarbechterin , di Erfahrung an Kompetenz huet am Pädagogesche Beräich esou wéi an der Ënnerstëtzung a Berodung vun de Bewunner an hirem individuellen Liewensprojet.Zum Optrag gehéiert esouwuel Ënnerstëtzung am Alldag, wei och bei der Fräizäitgestaltung, beim Akafen esou wéi bei administrativen Démarchen.
Obligatoresch Ufuerderungen:D'Kandidate sollen:• am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn• Beruffserfarung hunn• Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren• iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen• eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen• déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen• de Führerschäin Klass B hunn Mir bidden : • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen• en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.
Explorer les offres liées
Offres similaires
Pedagogesche Beroder (w/m/x) - Centre de Ressources Incluso
Diploméierten Erzéier (w/m/x) - Uewerkuerer Haus
Psycholog / Master an der Psychologie oder Psychothérapie (w/m/x)
Pädagogen mit Masterabschluss in Pädagogik, Heilpädagogik (m/w/d)
Diploméiert Erzéier/Aide-Soignant (w/m/x) Service d'Activités de Jour (SAJ) Mondorf
Chauffeur-Livreur (w/m/x)
Questions fréquentes
Comment postuler ?
Ouvrez la page source d’origine et contactez l’employeur. Finder ne facture jamais les candidats.
Ces offres sont-elles à jour ?
Oui. Finder actualise régulièrement les offres des sources publiques et retire les annonces clôturées.
Où voir le type de contrat et le mode de travail ?
Les conditions clés sont affichées au-dessus de la description. Vous pouvez aussi ouvrir les listes liées pour APEMH Hébergement et Services A.S.B.L. et Luxembourg.