Heilpedagogen / Pedagogen / Orthophonisten / Psychomotoriker / Ergotherapeuten (w/m/x)
À propos de cette offre
Heilpedagogen / Pedagogen / Orthophonisten / Psychomotoriker / Ergotherapeuten (w/m/x) - AMANE - Antenne BettangeD'APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, well seng Offer ausbauen an eng méiglechst fréi Entwécklungsbegleedung vun Kanner mat spezifeschen Bedürfnisser an hiren Famillen ubidden, andeems en Service gegrënnt gouf, den sech un Kanner am Alter vun 0 bis 6 Joer riicht.
Fir dësen ambulanten Fréihförderservice Amane - Antenne Bettange, gi Mataarbechter an Mataarbechterinnen gesicht, di Erfarung an Kompetenz hunn am Beräich vun der Entwëcklung an Entwëcklungsförderung an der fréier Kandheet an an der Berodung, Ënnerstëtzung an Guidance vum Familljenëmfeld (Heilpedagogen, Pedagogen, Orthophonisten, Psychomotoriker, Ergotherapeuten…) fir 30 - 40 Stonnen/Woch - op onbestëmmten Zäit.Wann de Posten Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif...).Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.
Responsabilitéiten:Am Kader vun enger transdisziplinärer Equipe sinn är Haaptmissiounen:• perséinlech Entwécklung vum Kand sécherstellen, förderen an stäerken, dëst am Kader vun sengem häuslechen Emfeld an an enker Zesummenarbecht matt den Elteren • Kompetenzen vun der Famill festegen, stäerken an ausbauen• sozial Inclusioun vum Kand an senger Famill ustoussen, förderen an verstäerken Dementspriechend dréinen d'Aufgaben ronderem:• Fréierkennung an - évaluatioun vun den Fäegkeeten an Kompetenzen souwéi den Schwieregkeeten an Beanträchtegungen vum Kand.• gezielt Ureegung an Ënnerstëtzung vum Kand bei der Entfaltung vun sengem Potential an deenen verschiddenen Entwëcklungsberaicher, fir eng bestméiglech Entwëcklung ze garantéieren• Nolauschteren, d'Begleeden an d'Ënnerstëtze vun den Familljen an dem noem Ëmfeld, fir Interaktiounen mam Kand ze optimiséieren• Netzwierkarbecht: entwëckelen an sëcherstellen vun der Zesummenarbecht vun ënnerschiddlechen Professionellen, fir d'Begleedung an d‘Ennerstëtzung vum Kand an senger Famill duerch déi verschidden professionell Acteuren ze optimiséieren.
Obligatoresch Ufuerderungen:• Am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn (Heilpedagoge, Pedagoge, Orthophonist, Psychomotoriker, Ergotherapeut, …), souwéi enger Autorisation d'excercer fir d‘Gesondheetsberuffer• Beruffserfarung hunn am Beräich vun der klenger Kandheet an der Familljenaarbecht• fundéiert Kenntnisser am Beraich vun der kandlecher Entwëcklung an Kompetenzen an der Beobachtung an Analyse vun Entwëcklungsprozesser hunn,• gudd kommunikativ Fähegkeeten mattbrengen, fir d'Interaktioun matt den Famillen an den Professionnellen ze assuréieren• iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen• eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen• déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen• de Führerschäin Klass B an en eegenen Auto hunn Mir bidden• attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngunge• en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung
Explorer les offres liées
Offres similaires
Diploméiert Erzéier (w/m/x) - Service CARR Sud
SOUDEUR / CHAUDRONNIER INDUSTRIEL (H/F)
Ingénieur en génie civil spécialisé en infrastructures de transport (m/f/d) (H/F)
Insurance officer (H/F)
Business Consultant Atlassian - FR/AN (H/F)
Développeur de projet (H/F)
Questions fréquentes
Comment postuler ?
Ouvrez la page source d’origine et contactez l’employeur. Finder ne facture jamais les candidats.
Ces offres sont-elles à jour ?
Oui. Finder actualise régulièrement les offres des sources publiques et retire les annonces clôturées.
Où voir le type de contrat et le mode de travail ?
Les conditions clés sont affichées au-dessus de la description. Vous pouvez aussi ouvrir les listes liées pour Home Service A.S.B.L. et Luxembourg.