Educateur diplômé (M/W/NB) - Crèche internationale de Belair
À propos de cette offre
Mir siche fir d'Crèche Internationale de Belair: Educateur diplômé (M/W/NB) am CDI mat 40 Stonnen/WochAn der Crèche Internationale de Belair gleewe mir drun, datt déi éischt Liewensjoren eng ganz besonnesch Zäit vun Entdeckung a perséinlecher Entwécklung sinn. An dëser Struktur begleede mir Kanner vun 3 Méint bis 4 Joer an engem sécheren a respektvollen Ëmfeld, wou Wuelbefannen an individuell Fërderung am Mëttelpunkt stinn.
Mat Engagement, Professionalitéit a Freed schafe mir Raim fir kreativ Spillmomenter, sozial Léiererfarungen a pädagogesch Projeten, déi all Kand a senger Eenzegaartegkeet stäerken.Deng Aufgaben:• Du empfänks a begleets Kanner vun 3 Méint bis 4 Joer• Du wierks bei edukative Projete mat, déi un d'Besoine vun de Kanner ugepasst sinn• Du ënnerstëtz d'Kand a senger individueller Entwécklung• Du fërders e reegelméissegen a professionellen Austausch mat den ElterenDäi Profil:• Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier• Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten (Ëffnungszäite vun der Crèche: 7h00–19h00)• Du kanns esouwuel selbststänneg ewéi och am Team schaffen a bréngs e staarken Teamgeescht mat• Du bass organiséiert, motivéiert a kreativ an denger Aarbechtsweis• Du hues gutt sozial a kommunikativ Kompetenzen• Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch schwätzen (minimum B2), all aner Sproch ass vu VirdeelWaat dech erwaart:• Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen• Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS• En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen• Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass• En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinärt AarbechtsëmfeldIwwert eis:asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet.
Sie ass am Beräich vun der Aide à l'enfance et à la famille an de Services d'éducation et d'accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge ronn 1800 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn. (bei enger Astellung froe mir de Casier judiciaire)
Explorer les offres liées
Offres similaires
Éducateur diplômé (m/f/d) - Wunngrupp Taipa
Éducateur diplômé (m/f/d) - Wunngrupp Aurora (Mertzig)
Educateur diplômé (m/w/nb) - Maison Relais Nidderfeelen
Educateur diplômé (m/w/nb) - Crèche Elmen
Psychologue/ Sociologue / Pédagogue (m/w/nb) - Quai 57
Chef de Groupe (m/w/nb) - Kannerhaus Furen
Questions fréquentes
Comment postuler ?
Ouvrez la page source d’origine et contactez l’employeur. Finder ne facture jamais les candidats.
Ces offres sont-elles à jour ?
Oui. Finder actualise régulièrement les offres des sources publiques et retire les annonces clôturées.
Où voir le type de contrat et le mode de travail ?
Les conditions clés sont affichées au-dessus de la description. Vous pouvez aussi ouvrir les listes liées pour arcus Kanner, Jugend a Famill A.S.B.L. et Luxembourg.