Educateur diplômé (m/w/d) fir d'Wunngrupp Haus 6 zu Miersch CDI 75-80%
À propos de cette offre
D'Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf sicht engagéiert Fachleit, déi Kanner a Jugendlecher wäertschätzend, ressourcenorientéiert an empathesch begleeden.Dir wëllt Iech am soziale Beräich asetzen, Verantwortung iwwerhuelen an e reelle Bäitrag fir d'Zukunft vu Jugendlechen leeschten? Da kommt an eng Equipe, déi Vertrauen, Engagement a géigesäitege Respekt lieft. Fir eise Wunngrupp, d'Haus 6, déi Kanner a Jugendlecher, am Kannerduerf zu Miersch begleet, bidde mir en CDI 75 - 80% als Educateur diplômé..Dës Funktioun bitt Iech d'Méiglechkeet, Är fachlech a perséinlech Kompetenzen aktiv anzebréngen, Verantwortung ze iwwerhuelen an zesumme mat engem motivéierten Team d'Jugendlech op hirem Wee zu méi Autonomie an enger positiver Entwécklung ze begleeden.
Gläichzäiteg leet d'Fondatioun vill Wäert op d'Weiderentwécklung vun hire Mataarbechter. Duerch reegelméisseg Formatiounen, Supervisiounen a fachlechen Austausch kritt Dir d'Méiglechkeet, Är Kompetenzen auszebauen an an Ärer professioneller Roll ze wuessen. .Är Aufgaben• Dir schafft am deeglechen Encadrement vu Kanner a Jugendlechen• Zesumme mat ären Team-KolleegInnen an a Récksprooch mam Chef de groupe suergt Dir fir e pedagogesch strukturéierten a séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt, sech weider ze entwéckelen a selbststänneg ze ginn• Dir sidd Referenzerzéier vun engem oder zwee Kanner oder JugendlechenWat eis ënnerscheetMir investéieren an Är Entwécklung• Reegelméisseg Formatiounen (Bindung, Trauma, SOP, ...)• Praxisaustausch an Deele vu Fachwëssen• Kontinuéierlecht Léieren a professionellt Wuesse• Aktiv Ënnerstëtzung vun Ärer fachlecher a perséinlecher EntwécklungEng Organisatioun an dauerhafter Weiderentwécklung• Strukturéiert Qualitéitsmanagement• Kultur vun der Reflexioun an der kontinuéierlecher Verbesserung• Entwécklung vun innovativen Approchen an der psychiatrescher a psychosozialer BegleedungE professionellen a strukturéierte Kader• Zesummenaarbecht an engem engagéierte multidisziplinären Team• Reegelméisseg Supervisiounen an Intervisiounen• Enken Austausch mat Educateuren, Psychologen, Case Manageren a Direktioun• Kloer Strukturen, professionell Prozesser a qualitativ héichwäerteg FachbegleedungEng Missioun mat Wierkung• Direkten Impakt op d'Wuelbefannen an d'Entwécklung vu Kanner a Jugendlechen• Ënnerstëtzung vu Familljen a komplexe Liewenssituatiounen• E konkrete Bäitrag zu hiren Zukunftsperspektiven a WuelbefannenÄre ProfilDiplomer a fachlech Kompetenzen• Unerkannten Diplom als Éducateur diplômé, inklusiv den erfuerderlechen Autorisatioune bzw.
Formatiounen• Flexibilitéit fir Dag- a Nuetsschichten• Teamgeescht an Interessi u multidisziplinärer Zesummenaarbecht• Strukturéiert, reflektéiert a verantwortungsbewosst Aarbechtsweis• Ressource-, léisungs- a systemesch orientéiert Approche• Führerschäin B• Gutt Kenntnisser am Lëtzebuergeschen, Franséischen an Däitschen; all weider Sprooch ass e VirdeelKonditiounen• CDI 75-80 %• Remuneratioun laut CCT-SAS (C4)• Bestoend extra-legal Virdeeler Dir wëllt Iech an enger Organisatioun weiderentwéckelen, déi geziilt an d'Qualitéit vun hire Praktiken an an d'Entwécklung vun hire Mataarbechter investéiert?Da freeë mir eis op Är Kandidatur!Luet w.e.g. follgend Dokumenter iwwer eise Formulaire erop:• Motivatiounsbréif• Liewenslaf mat Foto• Kopie vum Diplom• Autorisation d'exercerAm Fall vun engem Recrutement, gitt Dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 an n°5 gefrot.
Explorer les offres liées
Offres similaires
Agent éducatif oder Educateur diplômé (m/w/d)
SOUDEUR / CHAUDRONNIER INDUSTRIEL (H/F)
Ingénieur en génie civil spécialisé en infrastructures de transport (m/f/d) (H/F)
Insurance officer (H/F)
Business Consultant Atlassian - FR/AN (H/F)
Développeur de projet (H/F)
Questions fréquentes
Comment postuler ?
Ouvrez la page source d’origine et contactez l’employeur. Finder ne facture jamais les candidats.
Ces offres sont-elles à jour ?
Oui. Finder actualise régulièrement les offres des sources publiques et retire les annonces clôturées.
Où voir le type de contrat et le mode de travail ?
Les conditions clés sont affichées au-dessus de la description. Vous pouvez aussi ouvrir les listes liées pour Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf et Luxembourg.